baxter EASYGRIP FLO-41 Bedienungsanleitung Seite 43

Präzisions-mic-applikator
Inhaltsverzeichnis
Verfügbare Sprachen
  • DE

Verfügbare Sprachen

  • DEUTSCH, seite 13
ADS201865
EASYGRIP FLO-41
Präzisiouns-MIS-
Liwwersystem
GEBRAUCHUWEISUNG
Apparatbeschreiwung:
Den EASYGRIP FLO-41-Präzisiouns-MIS-Liwwersystem
("EASYGRIP FLO-41-System") ass e sterilen Apparat fir den eemolege
Gebrauch, deen aus zwee Komponente besteet: (1) en Applikateur mat enger
41 cm langer Kanül (5 mm Baussenduerchmiesser) an (2) eng eidel 1,5ml-
Sprëtz.
Den EASYGRIP FLO-41-System ass kompatibel mat FLOSEAL Hemostatic
Matrix (hämostatesche Mëttel).
Steril an net pyrogen. Duerch Bestralung steriliséiert.
Net mat Naturkautschuklatex hiergestallt.
Indikatiounen:
Den EASYGRIP FLO-41-System ass indizéiert fir d'FLOSEAL Hämostatesch
Matrix duerch 5 mm oder gréisser Trokaren op bluddeg Plazen ze bréngen.
Affektatioun / Bestëmmung:
Den EASYGRIP FLO-41-System ass dofir virgesinn, d'FLOSEAL
Hämostatesch Matrix duerch 5 mm oder gréisser Trokaren op bluddeg
Plazen ze bréngen.
Kontraindikatiounen:
Keng
Warnungen:
• Eemoleg Uwennung. Keng zweete Kéier benotzen. Keng zweete
Kéier steriliséieren. En Apparat fir eemoleg Uwennung, deen e puer
mol benotzt oder verschafft gëtt, kann zu Kontaminatioun an zu
enger Beanträchtegung vun der Funktiounsfäegkeet oder vun der
struktureller Stabilitéit vum Apparat féieren.
• Benotzt den EASYGRIP FLO-41-System net, wann d'Verpackung
abiméiert oder op ass, oder wann den Applikateur beschiedegt ass,
well dat zu enger Beanträchtegung vun der Funktiounsfäegkeet vum
Apparat féiere kann.
• Benotzt keng Loft als Dreifstoff fir d'hämostatesch Mëttel aus dem
EASYGRIP FLO-41-System erauszedrécken.
• Benotzt den EASYGRIP FLO-41-System net fir Organer oder Geweben
ze beaarbechten oder zeréckzezéien.
• Béit déi formbar Spëtzt net géint Organer oder Tissuen.
Precautiounen:
Liest virum Gebrauch vun dësem Apparat d'Instruktiounen fir
d'Hämostatikum.
Liwwerversuergung:
Den EASYGRIP FLO-41-System gët op engem versigelte Plastiksplateau
geliwwert, deen an enger Produktkëscht verpaakt ass. De Plateau enthält
een (1) Applikateur an eng (1) eidel 1,5 ml-Sprëtz. Eng (1) Versandkëscht
enthält sechs (6) EASYGRIP FLO-41-Systemer.
Hiweis: HIWEIS: Déi geliwwert Sprëtz ass fir d'optional Uwendung vum
Reschtproduit; net virun der vollstänneger Applikatioun vum hämostatesche
Mëttel gebrauchen.
Formbar Spëtzt
Kanül
Fëll-Port
Reservoir
Ausléiser
Sprëtz
Gebrauchsuweisung:
Montage:
1.
Preparéiert d'Hämostatikum senger Gebrauchsuweisung
entspriechend.
2.
Iwwerpréift d'Vollstännegkeet vum Plateau vum EASYGRIP FLO-41-
System. Net benotzen, wann de Plateau, d'Versigelung vum Plateau
oder den Inhalt opgemaach oder beschiedegt goufen.
3.
Benotzt aseptesch Methoden, maacht de Plateausdeckel do op, wou et
ugewisen ass, a bréngt den Inhalt an de sterile Beräich.
4.
Bréngt d'Sprëtz mat dem Hämostatikum un der Fëllëffnung vum
EASYGRIP FLO-41-System un, ouni se ze iwwerdréien.
5.
Gitt Uecht, den Ausléiser vum Apparat net ze drécken, fëllt de Behälter
vollstänneg mat dem Hämostatikum.
Hiweis: HIWEIS: D'Sprëtz ka falls gewënscht ewechgeholl ginn.
6.
Preparéiert d'Kanül duerch widderhuelt Drécken op den
Ausléiser (ongeféier 2-3 Mol drécken) bis d'Hämostatikum an der
duerchsiichteger, verformbarer Spëtzt ze gesinn ass.
Den EASYGRIP FLO-41-System ass elo asazbereet.
HIWEIS: HIWEIS: Esoubal preparéiert, gitt Uecht, den Ausléiser net
virun der Uwendung erofzedrécken.
7.
Stellt sécher, dass d'formbar Spëtzt riicht steet, éier d'Kanül an en
Trokar ageféiert gëtt.
43
Inhaltsverzeichnis
loading

Diese Anleitung auch für:

Ads201865

Inhaltsverzeichnis